HAPPY LUXEMBOURG

202523mar14:00HAPPY LUXEMBOURGE flotte Mëtteg mat gudder Musek a Lëtzebuerger KaschtKulturschapp Eilereng, 15, rue Kulturschapp14:00(GMT+01:00)

Event Details

Mir invitéiere ganz häerzlech op di zweet Editioun vun eisem Happy Luxembourg op Éilereng an de Kulturschapp. Um 14 Auer geet et lass, a vu 15 bis 18 Auer bidde mer Iech flott a schmasseg  Live Musek mat der  “Éilerenger Strëpp” an eisem Gaaschtensemble “Jos Pletschet and Friends”.  Méi zu eise Gäscht kennt Dir mi ënnen op dëser Säit liesen. 

Fir Iessen an Drénken ass natierlech wéi ëmmer beschtens gesuergt, sou dass der Iech bei eis e schéine Mette kennt maachen. Mir freeën eis op Äre Besuch. 

Jos Pletschet & Friends

 Acoustic Folk Music

Jos Pletschet: voice, acoustic guitar, banjo, fiddle

Phony Philippe: voice, harp, acoustic guitar

Werner Trausmuth: bass guitar

Jos Pletschet & Friends präsentéieren e Concert ënnert dem Motto:“Acoustic Folk Music“. E Mix aus Lidder op lëtzeburgesch an op englesch, déi si zum gréissten Deel selwer geschriwwen hunn. Do dernieft steet awer och mol den een oder aneren „Classic Country Song“ um Programm. Wärend ville Joren hunn de Jos Pletschet an den Phony Philippe  a verschiddene Country Music Bands gespillt a bréngen eng laangjäreg Erfarung mat. Als neie Member mat derbäi, de Werner Trausmuth. Hien huet sech eiser Band ugeschloss, nodeems hien wärend 8 Joer bei der lëtzebuerger Band „Schëppe Siwen“ als Bassist gespillt huet. De Genre vun hirer Musek läit haaptsächlech am Country-Folk, Bluegrass, Old -Time, Cajun, Irish-Beräich.

Am Joer 2022 haten si e groussen Succès mam Lidd „Den éischte Mee“ a sinn an der Rockhal opgetrueden. Am Summer 2024 hunn si nees zougeschloen mat hirem Summerhit „Dat schéinste Girl aus dem Minett“. Dëse Video huet mëttlerweil iwwer 61000 Views op FB. Si invitéieren de Publikum op eng villsäiteg musikalesch Rees.