Harmonie Éilereng

Association sans but lucratif - fondée en 1985 - affiliée à l'Union Grand-Duc Adolphe

 

Häerzlech Wëllkomm op de Websäite vun der Éilerenger Musek. Mir wënschen Iech vill Spaass beim Surfen a freeën eis drop Iech op enger vun eisen nächste Manifestatioune kennen ze begréissen.

MembresLogin

Am Fokus

EISE KOMPLETTE KALENNER

An eisem Buttek kennt Dir Ticket’en fir Concert’en oder Baler, CD’en oder DVD’en, eis Publikatiounen an Memberskaarten bestellen a bequem Online bezuelen.

Merci Villmols

Wann Dir eis Musek wëllt ennerstëtzen da kennt Dir daat hei maachen.

Si vous voulez soutenir notre phalange, vous pouvez le faire ici.

Payconiq HE QR Code DON

 

oder per virement op eise Konto BCEE

LU76 0019 5100 0159 0000

Neijoerschconcert 2024

De 6.Januar hu mir eisen traditionellen Neijoerschconcert, dee mir all 2 Joër organiséiren, gespillt. An engem festlechen Kader konnt eis Publikum sech un engem gudde Maufel erfreen, oder just dem Concert nolauschteren an nokucken. Soliste wuar d’Carole Martinez op der Querflütt, an als Gäscht haate mir d’Danzer vum Nora Isabelle Mergner. Daat Ganzt ennert der Direktioun vum Claude Weiland. Hei de Fotoreportage vum Fernand Schütz. 

 

Neijoerschconcert zu Lintgen

​Den 13. Januar spille mir den Neijoerschconcert eng 2. Kéier. Dest op Invitatioun vun der Fanfare Lintgen an der Kulturkommissioun vun der Gemeng Lintgen. 

Concert am Festsall “A Mouschelt” um 20 Auer. 

Wien an der Géigend as, as wellkomm 🙂 

 

Generalversammlung 2023

Den 23. November gouf et di 37. uerdentlech Generalversammlung vun der Musek. E Réckbléck iwert e Joer mat ganz vill Aarbecht a Manifestatiounen, an eng Vue op d’Saison 2023/2024.

 

Lords’Inn Revival Party 2023

​Full House, wuar et den 11.11.2023 am Kulturschapp op der 4. Editioun vun der LordsInn Party. Gudd Stemmung, vill Danz a gutt Musek mam DJ Raym Delavega.

 

Quiz Night 2023

​Den 21. Oktober gouf et eng 3. Editioun vun der Quiz Night am Kulturschapp.  23 Teams wuaren um Start fir di kniwweleg Froen vun eisen Quizmasteren Dana Turci a Raoul Grün ze beäntwerten.

Hei d’Fotosgalerie mam Réckbleck op dese flotten Owend. 

 

HE Goes Lago di Garda

​Vum 7. bis den 11. September as d’Eilerenger Musek zu Gargnano um schéine Gardasee.

Mir spillen 2 Concerten

E Galaconcert den 7.9. um 20:30 zu Gargnano. 

En zweete Concert zu Toscolano Maderno den 8.9. um 15 Auer 

Wien an der Géigend as, as wellkomm 🙂 

 

Merci – Charity Concert

Merci Villmools

Op der Generalversammlung vum Ensemble Vivace de 27. Januar, konnten di Verantwortlech vun der Chorale a vun der Harmonie Éilereng e Scheck vun 2.300€ un d’Organisatioun Wonschstär iwwerreechen. Des schéin Zomm koum um gemeinsame Gala Concert “Together for Charity” vum 17. Dezember 2022 am Artikuss zesummen. Op der Foto sin, niewt de Memberen vun der Chorale a vu Wonschstär, eis Comitésmemberen Martine Biver, Nathalie Rossero a Carole Wagner.

  

 

Fir ëmmer iwwert di nächst Manifestatiounen vun der Éilerenger Musek informéiert ze ginn, abonnéiert Iech hei op eis Newsletter.

Hei kennt Dir ons kontaktéiren fir weider Informatiounen iwert eise Veräin ze kréien.

Eis Partner

Mir soen eisen Sponsoren e grousse Merci fir hier finanziell a moralesch Ennerstëtzung an hoffen dass Där si och mat Aeren Akeef belount.

Homepage-Sicherheit