Perkussiounsensemble "White Sticks"

Gegrënnt am Joer 2018 vun zwee Memberen aus der Harmonie Éilereng, sinn d’White Sticks en Perkussiouns Ensembel bestoend aus ronn 10 Museker/innen, déi sech op „Drum cadence/Marching Band“ spezialiséiert hunn.

Eng gutt Stëmmung gemëscht mat engem grousse Repertoire un „Drum cadences“ bidde Freed fir Kleng a Grouss an de reegelméissege Prouwen, souwéi op Concerten.
Mam Haaptorchester vun der Harmonie Éilereng op der Strooss oder als eegestännegen Ensembel,
d’White Sticks bleiwe flexibel a freeën sech op all méiglech Sortie.

Op fir en Concert oder, wann dir selwer als Member en Deel vun den White Sticks wëllt ginn, dann zéckt net Kontakt opzehuelen a loosst Iech an d’Welt vun de Perkussioniste verféieren.

Leedung vum Orchester

D’White Sticks stinn ënnert da Leedung vum Fabio Geronzi deen sech och em d’Engagementer bekëmmert, heibäi gëtt hien ënnerstëtzt vun sengem Sous-chef dem Ben Weiland.

Fréijoer 2019
Prouwen a Kontakt
 
Prouwen Prouwen sin all Méindeg um 19:15 Auer 
Wou? Am Museksall am Kulturschapp zu Eilereng (1. Stack)
Responsable

Fabio Geronzi

E-Mail: fabio.geronzi@harmonie-eilereng.com

Telefon: +352-621-462 640

Weider Infos Clickt op dese Link fir all weider Kontaktinformatiounen

D’Membere vun White Sticks