Eis ganz jonk Memberen d "Butzen"
Nieft eisem Jugendorchester “Harmoniechen” kenne bei eis di ganz jonk Museksintresséiert Kanner ab 4 Joer matmaachen. A spillereschen Aktivitéiten, geleet vum Yannice Faber an dem Mandy Weiland ginn si esou ganz fréi un d’Musek erubruecht, och wa si nach keen Instrument spillen oder Musekscoursë besichen.
Encadréiert ginn eis Butzen vun eiser Jugendkommissioun. Méi Detailer dozou fannt Dir an enger extra Rubrik op eisem Site.
Prouwen a Kontakt
Prouwen | all Sonndeg vun 10:30 bis 11:30 |
Wou? | Am Museksall am Kulturschapp zu Eilereng (1. Stack) |
Responsabel |
Yannice Faber E-Mail: yannice.faber@harmonie-eilereng.com Telefon: +352-621 651 923 Mandy Weiland E-Mail: mandy.weiland@harmonie-eilereng.com Telefon: +352-691 822 678 |
Weider Infos | Clickt op dese Link fir all weider Kontaktinformatiounen |
Eis Butzen