Photo Albums

D'Jugendkommissioun baakt mat eisen jonken Musiker am Kulturschapp fir Kreschtdag

D'Musek as um Cortège vum hellegen Zinnikloos dobäi den 27. November organiséiert vum Niklooswierk a vum Interesseveräin.

Jugendmusek spillt e Concert zu Stroossen, den 1. no der Covid Paus, den 21. November. Direktioun: Ben Weiland / Yannice Faber

Eenzeg Tutti Prouf am Joer 2021 - Marschprouf Harmonie an Harmoniechen am Haff vum Kulturschapp den 16. Juli. Dono flotte Barbecue

De Serge Bernard a Fabio Geronzi spillen den 12. Juli op der Journée Française op Invitatioun vun der Gemeng Suessem.
PHOTOS: Commune de Sanem
PHOTOS: Commune de Sanem

d'Klassen vum Cycle 2.1, 2.2 an 3.1 wuaren op Besuch am Museksall. Eis Jugendkommissioun huet eng flott Initatioun op d'Been gestallt. De Succès wuar grouss, d'Kanner begeeschtert. Zum Schluss gouf et nach Kuch fir jiddereen.

Den 3. a 4. Juli 2021 wuar d'Eilerenger Musek um Summerfeeling um Suessemer Schlass organiséiert vun eiser Gemeng dobäi. 4 Equippen à 4 Leit hu während den 2 Deeg d'Visiteuren mat gudde Cocktail'en verwinnt.

Um Flashmob gouf d'Stéck "Smile .... It's contagious" vum Letzebuerger Komponist Tim Kleren ogeféiert waat extra fir desen Zweck komponéiert gouf.
Fotoen: Albert Gaillard, Carole Wagner, Sven Schantzen
Fotoen: Albert Gaillard, Carole Wagner, Sven Schantzen

Concert vun 6 Ensembles op 2 Plaatzen am Duerf. Perkussioun - Clarinetten/Flûte - Saxophones - Cors d'Harmonie - Blech Ensemble - LowBrass Ensemble.
Responsables wuaren: Ben Weiland, Vanessa Venturi, Lisa Cornaro, Christophe Frisch, Roland Asselborn/Claude Weiland
Fotos: Albert Gaillard, Carole Wagner, Sven Schantzen
Responsables wuaren: Ben Weiland, Vanessa Venturi, Lisa Cornaro, Christophe Frisch, Roland Asselborn/Claude Weiland
Fotos: Albert Gaillard, Carole Wagner, Sven Schantzen

Zanter Abrëll prouft d'Musek a Quartetter an e wéineg mi spéit an Ensemblen vun 10 Museker, dest am Respekt vun den Hygienemossnahmen Corona Pandemie.
Flashmob 2021
UGDA Flashmob am Haff vum Kulturschapp mam Stéck “Smile …. it’s contagious” vum Tim Kleren. Dest am Kader vun der Fête de la Musique 2021. Direktioun: Claude Weiland.
Hämmelsmarsch 2021
Corona Video als Ersatz vum traditionellen Hämmelsmarsch zu Eilereng.