Jugendorchester "Harmoniechen"
D’Éilerenger Jugendorchester genannt “Harmoniechen” gouf gegrënnt fir dass di jonk Musikantinnen a Musikanten aus dem Veräin, mat Zäiten d’Méiglechkeet kréien an engem Orchester ze spillen. Des fërdert d’Kollegialitéit ënnert de jonke Leit an duerch d’Musizéieren an engem Grupp spieren si séier wéi flott et ass Musek ze spillen. Zemools d’Ufanksjoren beim Musek Leieren si schwéier, dofir probéieren mir di jonk Leit an dësem Orchester ze motivéieren a bei der Staang ze halen. Zanter September 2019 spillt d’Harmoniechen ënnert der Leedung vun engem jonken an dynameschen Museker aus eisen Reien. Mee Informatiounen iwert de Ben Weiland fannt Dir hei ennen drenner.
Encadréiert gëtt d’Harmoniechen vun eiser Jugendkommissioun. Méi Detailer dozou fannt Dir an enger extra Rubrik op eisem Site.
Leedung vum Orchester
Nodeems dir elo gelies hutt, wat eis Harmoniechen genau ass, frot dir iech bestëmmt, wien dann elo mam Bengel virun deem Jugendorchester steet.
Dat sinn dann ech, d’Yannice Faber vun Éilereng.
Duerch meng Famill, sinn ech mat vill Musek opgewuess, ech selwer hunn dann 2007 am Escher Conservatoire mat menger Ausbildung ugefaangen. Mäin Haaptinstrument ass den Saxophon, wou ech zënter 2009 an der Klass vum Nadine Kauffmann sinn. Ech spillen awer och nach Piano an Euphonium.
Am Escher Conservatoire hunn ech dann och eng Rei aner Niewefächer ofgeschloss an studéieren nach an verschiddener weider.
Fir awer kënnen als Dirigentin virun engem Orchester ze stoen, brauch een natierlech och eng gewëssen Ausbildung, dofir hunn ech mech 2019 entscheet mat der Direktioun unzefänken. Ech léieren also säit deem an der Klass vum Jean-Claude Braun.
Nieft mengen Kueren am Conservatoire, studéieren ech op der Uni Lëtzebuerg. Hei maachen ech en “Bachelor en Enseignement Musical”, deen mir meng pedagogesch Ausbildung garantéiert.
Mee genau wéi dir, déi dat elo liesen an interesséiert sinn an eis Harmoniechen spillen ze kommen, hunn ech an den Reien vun der Harmoniechen meng éischt Erfarungen mam Musizéieren am Grupp gemaach, an sinn säit 2009 een Deel vun der Harmonie Éilereng.
Zënter September 2022, setzen ech dann net méi am Jugendorchester an spillen mat, mee ech stinn als Dirigentin virun der Harmoniechen.
Elleng mëscht Musek maachen jo schonn immens vill Freed, wann een dann awer zesummen an engem Orchester musizéieren kann, weist Musek sech nach eng Kéier vun enger ganz anerer Säit.
Prouwen a Kontakt
Prouwen | all Freideg vun 18:15 bis 19:15 |
Wou? | Am Museksall am Kulturschapp zu Eilereng (1. Stack) |
Musekschef |
Yannice Faber E-Mail: yannice.faber@harmonie-eilereng.com Telefon: +352-621 651 923 |
Weider Infos | Clickt op dese Link fir all weider Kontaktinformatiounen |
D’Musikanten aus der Harmoniechen