HAPPY LUXEMBOURG

HAPPY LUXEMBOURG202423mar19:30E flotten Owend mat gudder Musek a Lëtzebuerger KaschtKulturschapp Eilereng, 15, rue Kulturschapp19:30(GMT+01:00)

Event Details

Mir invitéieren op déi éischt Editioun vun eisem Happy Luxembourg Owend op Éilereng an de Kulturschapp. Nieft traditionellem Lëtzebuerger Kascht wéi Wäinzoossiss oder Kniddelen, bidde mer Iech flott Ennerhalung  mat eiser “Strëpp” ënnert der Leedung vun hirem neie Chef dem John Schneider. Als “special guest” begréisse mir de Jos Pletschet deen säi Lidd “Den 1. Mee” fir d’éischte Kéier mat engem Orchester wärt fir Iech sangen. 

Donieft konnte mir de flotte Lëtzebuerger Duo “Paltongszéier”  engagéieren. De Ben Claus um Panzpiano (och nach Brëttelspiano genannt) an de Claude Pelzer op der Tuba / Euphonium wäerten Iech matt hirer Musek begeeschteren. 

Aus organisatoresche Grënn biede mer em Reservatioun, haaptsächlech wéint dem Iessen. Dir kennt dat ganz einfach Online op dëser Plaatz hei e wéineg mi ennen maachen. Mir freeën eis elo schons op Aere Besuch. 

Ticket Section Title

Kanner bis 10 Joer bezuele keen Entrée, kënnen awer eng Kannerportioun Wäinzoossiss oder Kniddelen bestellen. 

Tickets are not available for sale any more for this event!