Gala Concert Art'Monie 2024
Event Details
ONLINE BUCHUNGEN SI MÉIGLECH BIS DEN 18. MEE – 13 AUER. Dono kritt Dir awer nach Ticket’en an der Oweskees. (ab 19 Auer)
Event Details
ONLINE BUCHUNGEN SI MÉIGLECH BIS DEN 18. MEE – 13 AUER. Dono kritt Dir awer nach Ticket’en an der Oweskees. (ab 19 Auer)
Mam Gala Concert Art’Monie 2024 “Phantom meets La-La-Ddin” am Artikuss luede mer Iech häerzlechst op eng musikalesch Rees an d’Welt vum MUSICAL an. D’Wuertspill vum Ënnertitel vum Concert erkläre mer Iech da wa mer eis am Artikuss gesinn. Reservéiert Aer nummeréiert Sëtzplatzen Online an der Billetterie ënnen op dëser Säit oder um Telefon 621-215477.
Als Gäscht hu mir deen Owend bei eis d’ ANNA KATHARINA FELKE, eng jonk lëtzebuergesch Musical Sängerin, déi aktuell zu St. Gallen an der Schwäiz am Musical “les Misérables” ze gesinn ass. Musical an Danz gehéieren zesummen, a mir sinn ëmsou méi frou d’Dänzerinne vum JUST DANCE, der Danz Sektioun vum Sporting Club Bieles bei ons kënnen ze begréissen. D’Orchester mat senge Soliste steet wéi gewinnt ënnert der Leedung vum CLAUDE WEILAND dee follgende flotten an ofwiesslungsräiche Programm fir Iech erausgesicht huet:
Anna Katharina Felke
Just Dance Sporting Club Bieles
Mir schaffen mat lokalen, regionalen a Bio Produkter • Site accessibel mam öffentlechen Transport : TICE Bus Linn 15 (Arrêt „Kuss“) , Zuch Linn 60 (Gare Bieles-Zolwer)
Ticket Section Title
