Gala Concert Art'Monie 2023
Event Details
— Den Online Virverkâf as elo zou. Dir kritt awer nach Plaatzen an der Oweskees, haut ab 19 Auer — D’Éilerenger Musek invitéiert häerzlechst op eng musikalesch Rees duerch de grousse
Event Details
— Den Online Virverkâf as elo zou. Dir kritt awer nach Plaatzen an der Oweskees, haut ab 19 Auer —
D’Éilerenger Musek invitéiert häerzlechst op eng musikalesch Rees duerch de grousse Repertoire vun der italienescher Musek. Vun de grousse Klassiker wéi Verdi, Rossini oder Puccini, iwwert di fantastesch Filmmusek vum Ennio Morricone bis zur italienescher Rock a Pop Musek. D’Museker entféieren Iech an en ofwiesslungsräichen a faarwege Concertsowend mat vill Musek a Gesank. De Maestro Claudio Weiland zeechent responsabel fir de musikalesche Programm, wou natierlech och d’Solisten vum Orchester hiert Talent wäerten ënner Beweis stellen.
“Facciamo cosi” – Esou maache mir dat de 6. Mee, bréngen italienesche Flair op Zolwer, a freeën eis elo schons op Äre Besuch. Ci vediamo ad Artikuss . Bucht Aer numeréiert Setzplaatzen hei ennendrenner an eiser Billeterie oder um Telefon +352 621-215477