Fréijoersconcert

Fréijoersconcert202317jun19:0023:00E flotte Owend mat engem gudde Maufel a vill Musek Centre Culturel KULTURSCHAPP, 15 Rue Kulturschapp, 4380 Ehlerange, Luxemburg19:00 - 23:00(GMT+02:00)

Event Details

Mir invitéiere ganz häerzlech op e flotten Owend op Éilereng an de Kulturschapp. E gudde Maufel a vill Musek erwaart Iech. Eis Jugendmusek “Éilerenger Harmoniechen“, an di ganz kleng “Butzen” wäerten Iech am 1. Deel weise wat si schonns drop hunn. Am zweeten Deel si mir dann houfreg eng grouss Musek aus dem Norden vum Land dierfen ze begréissen. Fir d’éischte Kéier ass d’Foulschter Musek zu Gaascht bei eis, an si wäerten Iech am 2. Deel mat engem flotte Concert begeeschteren. 

Virum Concert proposéire mir, awer nëmmen op Reservatioun, e gudde Wênzerteller fir d’Frënn vum gudde Maufel. Hei sinn d’Platze limitéiert. Reservéiert per E-Mail op reservation@harmonie-eilereng.com oder um Telefon 691-552671.    —> Download Flyer <—