Merci Villmools

Op der Generalversammlung vum Ensemble Vivace de 27. Januar, konnten di Verantwortlech vun der Chorale a vun der Harmonie Éilereng e Scheck vun 2.300€ un d’Organisatioun Wonschstär iwwerreechen. Des schéin Zomm koum um gemeinsame Gala Concert “Together for Charity” vum 17. Dezember 2022 am Artikuss zesummen. Op der Foto sin, niewt de Memberen vun der Chorale a vu Wonschstär, eis Comitésmemberen Martine Biver, Nathalie Rossero a Carole Wagner.