Gala Concert Art'Monie 2024

Gala Concert Art'Monie 2024202418mee20:00Phantom meets La-La-DdinCentre Culturel ARTIKUSS, 13, rue Jean Anen, 4413-Soleuvre, Luxembourg20:00(GMT+02:00)

Détailler

Mam Gala Concert Art’Monie 2024 “Phantom meets La-La-Ddin” am Artikuss luede mer Iech häerzlechst op eng musikalesch Rees an d’Welt vum MUSICAL an. D’Wuertspill vum Ënnertitel vum Concert erkläre mer Iech da wa mer eis am Artikuss gesinn. Reservéiert Aer nummeréiert Sëtzplatzen Online an der Billetterie ënnen op dëser Säit oder um Telefon 621-215477.

Als Gäscht hu mir deen Owend bei eis d’ ANNA KATHARINA FELKE, eng jonk lëtzebuergesch Musical Sängerin, déi aktuell zu St. Gallen an der Schwäiz am Musical “les Misérables” ze gesinn ass.  Musical an Danz gehéieren zesummen, a mir sinn ëmsou méi frou d’Dänzerinne vum JUST DANCE, der Danz Sektioun vum Sporting Club Bieles bei ons kënnen ze begréissen. D’Orchester mat senge Soliste steet wéi gewinnt ënnert der Leedung vum CLAUDE WEILAND dee follgende flotten an ofwiesslungsräiche Programm fir Iech erausgesicht huet: 

 

Anna Katharina Felke

Just Dance Sporting Club Bieles

Mir schaffen mat lokalen, regionalen a Bio Produkter • Site accessibel mam öffentlechen Transport : TICE Bus Linn 15 (Arrêt „Kuss“) , Zuch Linn 60 (Gare Bieles-Zolwer)

Billeterie

Wielt Är Plazen um Plang aus. Fir all eenzel Sëtzplatz muss Dir "Erwuessen" oder "Kand_Student" auswielen an den Ticket an den Akafsweenchen leeën. Dono dann eng nächst Platz auswielen, a.s.w. Nom Kaf vun Ären Tickets, kritt Dir eng E-Mail wou Är Entréesplazen als PDF drunhänken.

Stellt eis eng Fro virum Kaf