Mam Gala Concert Art’Monie 2024 “Phantom meets La-La-Ddin” luede mer Iech häerzlechst op eng musikalesch Rees an d’Welt vum MUSICAL an. D’Wuertspill vum Ënnertitel vum Concert erkläre mer Iech da wa mer eis am Artikuss gesinn.
Reservéiert Aer nummeréiert Sëtzplatzen Online an der Billetterie ënnen op dëser Säit oder um Telefon 621-215477.
Als Gäscht hu mir deen Owend bei eis d’ ANNA KATHARINA FELKE, eng jonk lëtzebuergesch Musical Sängerin, déi aktuell zu St. Gallen an der Schwäiz am Musical “les Misérables” ze gesinn ass. Musical an Danz gehéiren zesummen, a mir sinn ëmsou méi frou d’Dänzerinne vum JUST DANCE, der Danz Sektioun vum Sporting Club Bieles bei ons kennen ze begréissen.
D’Orchester matt senge Soliste steet wéi gewinnt ënnert der Leedung vum CLAUDE WEILAND dee follgende flotten an ofwiesslungsräiche Programm fir Iech erausgesicht huet:
-
- Les Misérables
- Queen Symphonic Highlights
- The Phantom of the Opera (matt Just Dance)
- West Side Story
- “I could have danced” aus My Fair Lady (Gesank: Anna FELKE)
- Lala Land
- “Ich gehör nur mir” aus dem Musical ELISABETH (Gesank: Anna FELKE)
- Aladdin Medley (matt Just Dance)
- “Gold von den Sternen”. aus dem Musical MOZART (Gesank: Anna FELKE)
- Miss Saigon (Solist: Marc WEINANDT, Sax. alto an Just Dance)
Anna Katharina Felke
Just Dance – Sporting Club Bieles
-