Harmonie Éilereng
Association sans but lucratif - fondée en 1985 - affiliée à l'Union Grand-Duc Adolphe
Häerzlech Wëllkomm op de Websäite vun der Éilerenger Musek. Mir wënschen Iech vill Spaass beim Surfen a freeën eis drop Iech op enger vun eisen nächste Manifestatioune kennen ze begréissen.
Nächst Top Eventer
Clique “White Sticks”
Fotoen vun eiser Clique um ING Marathon vum 28. Mee.
Gala Concert Sparkling Big Band
Grousse Succès haate mär mat eisem Gala Concert vum 7. Mee 2022 am Artikuss zu Zolwer. Hei as de Fotoreportage vum Fernand Schütz.
.
Mir soen de Visiteuren vun eiser rezenter SpringBreak Party, eise Musikanten an e puer Privatleit villmools Merci fir hir Ënnerstëtzung. Mir konnten esou 1.200€ un Pharmaciens du Monde iwwerweisen an domadder d’Liwwerung vu Medikamenter an d’Ukrain fërderen.
.
An eisem Buttek kennt Dir Ticket’en fir Concert’en oder Baler, CD’en oder DVD’en, eis Publikatiounen an Memberskaarten bestellen a bequem Online bezuelen.
Merci Villmols
Wann Dir eis Musek wëllt ennerstëtzen da kennt Dir daat hei maachen.
Si vous voulez soutenir notre phalange, vous pouvez le faire ici.
oder per virement op eise Konto BCEE
LU76 0019 5100 0159 0000
Nei an eisem Shop
Neijoerschconcert Video 2022
Live Opnahm vun ApartTV vum Neijoerschconcert vum 8. Januar 2022 am Artikuss zu Zolwer. De Video as als Download an 2 Deeler verfügbar.
Hei kennt Dir ons kontaktéiren fir weider Informatiounen iwert eise Veräin ze kréien.
Fir ëmmer iwwert di nächst Manifestatiounen vun der Éilerenger Musek informéiert ze ginn, abonnéiert Iech hei op eis Newsletter.
Eis Partner
Mir soen eisen Sponsoren e grousse Merci fir hier finanziell a moralesch Ennerstëtzung an hoffen dass Där si och mat Aeren Akeef belount.
