Gala Concert Art'Monie 2025

202517mee20:00Gala Concert Art'Monie 2025Gala Concert - Big Screen Symphony - Eng Rees an d'Welt vum FilmCentre Culturel ARTIKUSS, 13, rue Jean Anen, 4413-Soleuvre, Luxembourg20:00(GMT+02:00)

Détailler

— ONLINE PRÉVENTE AS NACH MÉIGLECH BIS DE 17.05. – 14 AUER. Dono kritt Dir nach Plazen an der Oweskees ab 19 Auer — 

D’Éilerenger Musek invitéiert ganz häerzlech op hire Galaconcert Art’Monie 2025

Eng musikalesch Rees an di grouss Welt vun der Filmmusek erwaart Iech am Concertssall vum Artikuss. Eist Orchester zesumme matt eise Solisten begeeschtert Iech matt bekannte Melodien aus grousse Filmer wéi  “Star Wars”,  “Jurassic Parc” , “The Rock”, “Madagascar” a Medleys aus  Walt Disney , James Bond an  Charles Chaplin Produktiounen.  Fannt de ganze Programm hei. Wéi gewinnt steet d’Éilerenger Musek ënnert der Leedung vum Claude Weiland.  

Als Solistin begréissen mir um Cello d’Judith Lecuit. Bucht Aer Ticket’en elo Online hei  ennen drënner an eiser Billeterie oder um Telefon 621-215477 (Tornambé, ab dem 20.04.) 

Billeterie

Wielt eng Plaatz um Plang aus. Fir all eenzel Setzplaatz musst Dir "Erwuessen" oder "Kand_Student" auswielen an den Ticket an den Akaafsweenchen leen. Dono dann eng nächst Plaatz auswielen, a.s.w. Nom Kaf vun Aeren Tickets, kritt Dir eng E-Mail wou Aer Entréesplaatzen als PDF Dokument drunhänken.

Et gi keng Tickets méi fir des Manifestatioun