Springbreak Party

Springbreak Party202219mar(mar 19)21:0020(mar 20)03:00Danzt zesummen an d'FréijoerCentre Culturel KULTURSCHAPP, 15 Rue Kulturschapp, 4380 Ehlerange, Luxemburg21:00 - 03:00 (20)(GMT+01:00)

Event Details

D’Harmonie Éilereng invitéiert Iech ganz häerzlech op hier éischt SpringBreak Party. An engem flotte Kader spillen eis DJ’s Raymond Delavega a Roger Jacob déi beschten Hits aus den 80er, 90er an awer och villes aus de méi aktuelle Charts. Deemno Musek fir jiddereen.

Di aktuell Situatioun an de Krichsgebidder vun der Ukrain mécht eis zu déifst betraff. Als Veräin wëlle mir e wéineg hëllefen, a spenden dofir 3€ pro gebuchtem Ticket un eng lëtzebuergesch ONG di sech fir d’Affer an der Ukrain asetzt. All weideren Don vun Iech bei Ärer Commande ass wëllkomm a gëtt integral gespent.

Virverkaf ass nëmmen Online méiglech oder an der Oweskeess selwer. Des Manifestatioun leeft ënnert dem CovidCheck Regime an ënnert de Konditiounen déi dee Moment gülteg sinn.

Scrollt erof fir den Online Kaf vun Aeren Entrées Billjet’en 

 

Ticket Section Title

Sechert Iech hei Aeren Entrées Ticket

WICHTEG: Nom Kaf vun Aeren Tickets, kritt Dir eng E-Mail wou Aer Tickets als PDF drunhänken. Mir bieden Iech des Tickets erauszedrécken an op d'Party matzebréngen. Ouni Ticket as eng Entrée leider net méiglech. Merci fir Aert Versteesdemech.

Tickets are not available for sale any more for this event!